audio
audioduration (s)
60
60
transcription
stringlengths
0
1.87k
vun deenen Hëllefen? Also do muss een seng Servicer an Diskussioun... ech weess jo net, wat d’Propositiounen och sinn, mir wëssen, dass d’europäesch Unioun Extrafongen huet en cas de catastrophe. Mir mussen ebe kucken, wat d’Konditiounen och sinn an ech weess, dass den Ausseministère den éischten ass, deen och d‘Kontakter hëlt mat den europäeschen Instanze fir ze kucken. Wa Méiglechkeeten do sinn, an déi de Leit och kënnen ze gutt kommen, soll een se net stoe loossen. Mee et muss een och kucken, wéi eng Konditiounen et sinn. Et ass elo verfréit fir ze soen, ob mir se zéien, net zéien, a wéi vill et ass, an wéini mir se kënne kréien. Meng Suerg am Moment ass, dass mir déi nächst Stonne wierklech de Leit, sou wéi lo just d'Servicer gesot hunn, sou séier wéi méiglech entgéint kommen. Et ass keen a Liewensgefor, et ass kee Blesséierten, och bleift déi materiell... ob een eppes ka kréien... Pardon, wann ech dat lo soen, éischter secondaire. Kann eppes gemaach ginn, fir dass d’Leit dobaussen éischter gewarnt ginn oder éischter kënne reagéiere bei esou Fäll
grondsätzlech just schützt. D’Leit hu vläicht méi héich Schied, wat ass mat Leit, déi keng Versécherung haten, kéint Dir do d’Modalitéiten nach eng kéier méi genau erklären? Also Dir wësst, dass eng Aide am Moment de première nécessité, déi jo do ass, déi iwwert de Familljeministère och leeft. Dat heescht, et sinn eng Rëtsch vu Saachen, déi och ausgeschloss sinn aus der doter Aide. Et ass ebe lo fir de Leit direkt kënnen och ze hëllefen. De Staat ass net den Assureur fir jiddereen. Mee de Staat ass hei fir lo konkret do, wou dono eng Assurance vläicht Probleemer mécht a Besoinen do si fir verschidde Saache wou ee ka kucken, wéi de Staat och kann hëllefen. Mee de But lo ass première nécessité do entgéint ze kommen an op eng onkomplizéiert Aart a Weis, sou wéi mir et och schonn iwwert de Familljeministère bei der leschter Catastrophe naturelle lafe gelooss hunn. Ok. Da gouf et nach d’Fro zu de Suen aus der EU. Dass Dir déi lo net direkt wësst, ass ganz kloer, mee et gëtt jo och de EU Civil Protection Mechanism, wou mir och kënnen Asazkraaft aus dem Ausland ufuerderen. Do si jo ganz vill anerer mat dran. Dir hutt grad
wéini, wat, a wéi enge Konditioune lo konnt gestallt gi fir eng Hëllef vu baussen ze kréien, finanzieller. Et geet mir drëms elo... Et geet net ëm d‘Finanziellt, et geet... Nee, ech schwätzen elo fir d’éischt, well Dir hutt virdru vun den EU-Hëllefgelder och geschwat. Mir geet et drëms, wa mir kënnen deier... mee de But ass, lo rapidement de Leit ze hëllefen, a mir wäerten net eis Hëllefen hei Tributaire maache vu Hëllefen, déi mir vu bausse géife kréien. D'Leit kënnen net waarde bis mir vun iergendenger internationaler oder europäescher Institutioun gesot kréien, jo Dir kritt oder Dir kritt net. D'Regierung huet haut déi Verantwortung iwwerholl, déi 50 Milliounen deblockéiert an et ass, pardon nach eng kéier, Wurscht elo wéi laang et dauert, dass mir vun der EU iergendeppes zréck ze kréien. Dat ass wierklech zweetrangeg, et geet drëms hei de Leit elo rapidement ze hëllefen. Dann iwwert den EU-Alerte-System, Här Schroeder. Jo, wat een do ka soen, dat ass éischtens emol, dass gëschter, wann ech lo d’Belsch an Däitschland kucken, déi waren net en mesure eis nach ze hëllefen, well déi ware selwer,
soen ech, an der nämlecher Situatioun wéi mir, respektiv souguer nach zum Deel an enger méi schlëmmer Situatioun. Lo Frankräich, Département Moselle a Meurthe et Moselle waren net grad sou staark betraff, mee waren awer och betraff. Dat heescht am schlëmmste Moment vun den Nidderschléi, wou wierklech d’Waasser komm ass, waren eis direkt Noperen och lo net direkt en mesure, eis wierklech grouss Hëllef ze leeschten. Ech mengen, wat mir an der Nuecht eben och gesot hunn, dat ass, dass mir eben, soen ech déi Pompelaktiounen an sou Saachen, déi si lo sënnlos, dat muss een einfach sou soen. ech mengen, wann esou Waassermasse kommen, do hätte mir och all eis Noperlänner kënne ruffen, mir hätten déi Waassermassen net ewech gepompelt kritt. Lo an enger Opraumphas mengen ech ass et och lo, musse mir kucken, wa mir Hëllef brauchen, mir hunn och do de Mëtten nach eng kéier an eisen Nopeschlänner nogefrot, wéi gesot Rheinland-Pfalz a Wallonie, do ass sécherlech lo
weider. Et gesäit een um Terrain am Moment, wéi wann d’Situatioun sech géif stabiliséieren. Ech sinn och ganz frou, dass den Héiche Commissaire, an och den Direkter vum CGDIS, den Här Schroeder hei sinn an den Här Feller, fir dono eis den Topo ze maache iwwert wéi et och weider geet déi nächst Stonnen an déi nächst Deeg, nodeems wéi gesot d’Inneministesch eis och den Topo gemaach... säit gëschter an och bis elo dann och wäert kënnen hei relatéieren. Wéinst der Gravitéit vun der Situatioun hunn ech och de Moien decidéiert, e Regierungsrot haut den Owend anzeberuffe fir ze kucken, wéi een d’Urgence och kéint op dëser exzeptioneller Situatioun och exzeptionell Mesurë fannen. Mir hunn als Regierungsrot an enger extraordinärer Sëtzung decidéiert, dass d’Evenementer vun de leschte Stonnen an Deeg als Catastrophe naturelle, also als Naturkatastroph z’erklären. Et ass en Declenchement, dee wichteg ass, fir aner verschidde Konditiounen och
näischt dran, mee awer Saarland an och Meurthe et Moselle, Moselle, déi sinn disponibel, wa mir si brauchen, mee bei den Opraumaarbechten wéi gesot, denken ech, dass mir dat awer lo och hikréien. Ëmgedréint kann ech awer soen, an ech mengen, dat war fir eis och als Rettungsdéngschter wichteg, an dat ass och vun der Regierung esou ënnerstëtzt ginn, war eben och eng Ufro koum vun de belsche Kolleegen fir ebe Stréimungsretter, also Sauveteurs aquatiques ze kréien a jo, mir hunn d’Situatioun evaluéiert, mir waren an der glécklecher Situatioun, dass mir eise Grupp de sauvetage aquatique eigentlech en grand complet haten, do hate mir all eis Leit, déi aktiv am Grupp sinn, déi ware mobiliséiert, waren disponibel fir anzegräifen. A mir konnten d’Situatioun esou aschätzen, dass mir et konnte fäerdeg bréngen, fir eng Sektioun, dat si 6 Leit mat zwee Booter an d’Belsch ze schécken an d’Géigend vu Léck fir do eng Hand mat unzepaken an déi hunn do 12 Leit gerett
Iwwert déi lescht 48 Stonnen hu mir hei zu Lëtzebuerg en Reen an en Nidderschlag erlieft, deen zu dramatesche Situatioune gefouert huet. Héichwaasser a Waasserstänn, déi een esou déi lescht 100 Joer net méi am Grand-Duché gesinn hat. Mir waren de Moie mat der Inneministesch a mat de Servicer och op den Terrain fir éischt Ablécker iwwert d’Situatioun och ze kréien. D'Inneministesch wäert dono och méi op den Detail agoen. Ech wëll hir och direkt Merci soen. Wéi ech gëschter d’Decisioun geholl hunn, dass eng Cellule de crise soll aberuff ginn, wou d’Situatioun nach net sou dramatesch war, mee et wichteg war, d’Koordinatioun och z’organiséieren an d’Inneministesch bereet war, direkt déi Présidence och z’iwwerhuelen. D’Situatioun um Terrain ass eng dramatesch Situatioun. Op der enger Säit,
kënnen z’erfëllen. D’Regierung huet och lo just decidéiert, nodeems mir mat de verschiddene Ministeren, an och mam Finanzminister gekuckt hunn, wéi mir kënnen och eng Enveloppe direkt deblockéiere fir déi Schied opzekomme fir eben de Leit och eng sou direkt wéi méiglech Hëllef kënnen och unzebidden. An et ass eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro, déi deblockéiert ginn ass fir elo och rapidement kënnen de Leit entgéint ze kommen. Spezifesch justement fir op déi Aiden zréck ze kommen, et gëtt eng Aide fir Privatpersounen, ënnert der Leedung vum Familljeministère, do wäert d’Regierung och fir d’Dépense de première nécessité opkomme kënnen. Da ginn et d’Aidë fir d’Betriber. D’Regierung, via de Mëttelstandsminister, wäert den Entreprisen, de Commercen an och d'Handwierksbetriber kënnen Hëllefen ubidde fir d’Käschten ze droen, och wat Materiell an och wat d’Stocken
ugeet. An dann d’Aiden och fir d’Landwirtschaft. Mir wëssen och, dass d’Landwirtschaft concernéiert ass an de Landwirtschaftsministère huet och eben déi selwecht Hëllef zur Verfügung fir d’Käschten kënnen opzekommen. An dann iwwert den Intérieur och fir d’Gemengen. Mir hu gesinn, dass eng Rëtsch vu Gemenge Käschte lo hunn, dat geet vum Offall, hu mir lo nach just am Regierungsrot diskutéiert, iwwer d’Infrastrukturen, och iwwert den Interieur, e Budget ze deblockéieren, fir de Gemengen hei och entgéint ze kommen. All Detailer, u wien een sech muss wenden, an d’Modalitéiten, ginn dono och an engem Communiqué resuméiert no dëser Pressekonferenz. Mir hunn och, an dat ass eben och eng Léier vu viregte Situatiounen, déi mir haten. Dir wësst jo, dass och de Pierre Gramegna 2017 mat Assurancen och Diskussiounen och haten. Dat heescht, do sinn eng Rëtsch vu Leit, déi lo och besser assuréiert si vis-à-vis vum Waasserschued,
wéi dat virdrun och de Fall war an ech hoffen och, dass d’Assurancen och déi nächst Stonnen an Deeg, ech weess, dass si ganz vill ze dinn hunn, mee och wierklech déi Détresse och verstinn, déi d’Leit hunn. An ech weess awer, duerch den dote Schratt, deen eben och deemools negociéiert ginn ass tëschent Finanzministère an Assurance, dass ganz vill Leit eng besser Protektioun och haut hunn vis-à-vis vun der Situatioun, déi se virun e puer Joer kannt hunn. Ech erlabe mir hei, den Ekippe Merci ze soen, den Ekippen um Terrain. Mir hu ganz vill Leit begéint, ganz vill Leit vu Servicer, vun Administratiounen, dat geet vun der Policeschoul, iwwert d'Police, iwwert de CGDIS, iwwer d’Arméi, iwwert den Haut-Commissaire, och de Waasserwirtschaftsamt, déi verschidde Servicer, d’Arméi, déi alleguerte mir gesinn hunn, ob dat zu Iechternach op den anere Plazen och direkt gehollef hunn an all déi Fräiwëlleg. All déi Fräiwëlleg.
Gudden Owend. Ech wëll fir direkt drop hiweisen, dass mir am enken an direkten a permanente Kontakt mat de Gemenge stinn, dat ass och wichteg, dass mir dat esou maachen. Dat huet gëschter ugefaangen, wou de CGDIS SMS un déi 102 Buergermeeschteschen a Buergermeeschter verschéckt huet, fir se eben direkt a Kenntnis ze setzen. Ech selwer hunn och mat de concernéierte Gemengen, also Buergermeeschteren, déi lo méi concernéiert waren, hunn ech och telefonéiert. Och scho gëschter Owend och an der Nuecht fir eben och direkt vun hinnen en éischte Feedback ze kréien, fir ze wëssen, wéi sech bei hinnen an der Gemeng eben d‘Situatioun stellt. An fir och ze wëssen, wou si gezillt och lo um Lokalen Ënnerstëtzung brauche fir direkt hei kënnen hinnen den néidegen Appui ze ginn. Vu gëschter Owend 7 Auer un koumen d’Demanden un
Sandsäck, u Pompelen haaptsächlech fir eben d’Waasser aus de Kelleren eraus ze kréien. Géint 8 Auer gëschter Owend war d’Majoritéit vun den CISen, also vun den Zentre waren aktivéiert an no 2 Stonne méi spéit, géint 10 Auer war souzesoe praktesch jiddereen, dee konnt mobiliséiert ginn, vum CGDIS war dee Moment a Missioun a genau an dem dote Rhythmus ass dat och déi nächst Stonne bis elo weider gaangen, wou ganz vill Leit sech engagéieren, a wéi och scho grad gesot ginn ass, och ganz vill Fräiwëlleger, wou mir wierklech kënne frou sinn, dass si eng Hand mat upaken. Wat ass dat wichtegst, wou sech lo direkt drop konzentréiert ginn ass? Do kann ee soen, do sinn u sech sou 3 Prioritéiten. Dat éischt ass d’Populatioun, d’Bevëlkerung ze schützen. Zweetens
Blesséiert ze verhënneren an drëttens präventiv Aktiounen ze huele fir eben sou nach méigleche Schued kënnen ze limitéieren, eben och ze kucken, dass d’Grondversuergung garantéiert ass, eben och mam Stroum an och weider Initiativë fir ebe kënnen déi Grondversuergung hei ze ginn. Vläicht... d’Situatioun eng kéier am Globalen, éiert mir herno nach op aner Detailer aginn. D’Lag schéngt sech allgemeng mat enger gewëssener Virsiicht ze stabiliséieren. Erliichtert ze berouegen an de leschte Stonnen. D’Peegel wäert, et ass am gaangen op ville Plazen zréck ze goen, mee net iwwerall. An zënter gëschter Mëtten 12 Auer fir sech och hei e bëssen awer d’Envergure erëm ze ginn, sinn
Ech wëll Iech haut ee kuerzen Iwwerbléck ginn, wou mir am Moment bei deenen Dossieren och dru sinn, a wat fir eng Schrëtt d'Lëtzebuerger Regierung geholl huet, respektiv an den nächsten Deeg a Wochen och wäert huelen. Dir wësst jo, dass beim Punkt Afghanistan och den Defense-Minister a Vize-Premier, den Här Bausch an den Ausseminister, den Här Asselborn, dann, no dëser Pressekonferenz Iech wäerten erklären, wéi do déi lescht Evenement sinn, mee ech wollt awer och dozou selbstverständlech eppes soen. Zum Covid, ass d'Situatioun nach net fäerdeg. Mir musse mam Virus liewen, dat ass och eng Realitéit. D'Infektioune sinn zanter där Well, déi mir haten fir Nationalfeierdag, konstant zeréckgaangen, bis Mëtt August; do hate mir 50 Infektiounen, de 14. August. Mir erkennen awer, déi lescht Deeg, eng liicht, awer, eng Hausse, och wa se liicht ass: aktuell, plus ou moins 70
De Problem ass am Moment... do sinn Diskussiounen am gaangen. Dir wësst dass mir do och mam CSMI och do méi Informatioune wëllen, well et ass jo déi selwecht Fro wéi mat der 3. Impfung, wéi geet et do och weider, ... Den CSMI ass befaasst vun enger Rëtsch vu Froen an deem dote Kontext. D'Antikierper... mir musse just oppassen, dass et och europäesch koordinéiert gëtt. Wa mir dono e 4G maachen, an déi aner Länner erkennen dann du coup eisen 3G net méi, well si soen, dass eisen 3G net déi selwecht Konditiounen erfëllt wéi déi aner, hu mir e Problem. Dofir... dat heite si Froen, déi am Beschte um europäeschen Niveau sollten och geléist ginn, an dass een och fäerdegbréngt do dann eben och en... Den Delai, z. B. vun 180 Deeg, ass jo elo z. B. bei Genesen, mee dass een do och eng Uniformitéit huet. An dat ass eben de But. Mee wéi gesot, den CSMI ass permanent befaasst mat neie Froen, wou mir eis ... Am Moment gi jo déi Leit, déi eng Immunodefizienz hunn, oder déi wierklech ganz ganz al sinn... also am Moment ass d'Immunodefizienz, mee elo kënnt d'Fro ob och nach eng 3. Impfung muss kommen oder net. Do hu mir de
Dee wierklech probéiert huet – déi lescht Joren op jiddwer Fall wou ech och an dëser Regierung sinn... D'COP 21 zu Paräis, ech mengen, mir haten... d'Carole Dieschbourg hat d'Presidence och vun den Ëmweltministeren, huet do d'Delegatioun och gefouert, – ëmmer gekuckt fir ambitiéis Ziler ze hunn. Dat schlëmmst wat mir kéinten hunn, ass dass just ee Land oder zwee Länner géifen elo soen: "Mir wëlle méi ambitiéis Ziler hunn", an dann déi aner net nozéie géifen. Well am Moment hu mir et fäerdeg bruecht, dass, duerch d'COP 21 an duerch de President Biden, nees Amerika bäikomm ass, China ass am Moment dobäi, dass mir awer eng Unitéit hunn weltwäit, déi sech Ziler gesat hunn. Eisen nationale Plang ass an onsen Aen ambitiéis, ass an onsen Aen deen deen et fäerdeg bréngt op jiddwer Fall an déi richteg Richtung och ze goen, andeems mir eis... et ass net vun haut op muer, Dir gesitt jo och z.B. beim Tanktourismus, Dir gesitt och beim Bauen, Dir gesitt... et si Contrainten, déi bäikommen, déi vläicht net jiddwerengem gefalen,
Sujet kommen, deen eis iwwert de Summer beschäftegt huet: dem Vizepremier Kersch seng Propose fir eng Corona-Steier. Dir hat Iech schonn am Juni, mengen ech, Enn Juni relativ kritesch geäussert, d'Thema ass awer nach ëmmer do. Wéini wëllt Dir do tranchéieren? Oder wéi geet déi Diskussioun weider ganz ronderëm d'Bezuele vun der Kris, Steiergerechtegkeet, etc. ? Wéini kann een do mat engem produktiven Enn vun der Diskussioun rechnen? [Xavier Bettel] Dir musst en Ënnerscheed maachen tëscht der Steiergerechtegkeet – Dir wësst, dass mir jo och eng réforme fiscale wollte maachen, ebe fir do verschidden Inegalitéiten och aus der Welt ze schafen, dass déi awer duerch d'Pandemie schwiereg ka gemaach ginn. Do muss ee kucken, ob een do verschidden Modussen huet, fir Steiergerechtegkeeten vläicht méi no beieneen ze bréngen, dat ass dat wat d'Regierung och an deenen nächste Méint wäert maachen, well d'Steiergerechtegkeet eis och wichteg ass. An ech géif awer net d'Steiergerechtegkeet mat enger Corona
Fäll den Dag. Mir gesinn och, dass eng Hausse do ass duerch d'Retours de vacances, dat heescht d'Leit, déi an d'Vakanz gefuer sinn, a mir wäerten och, dat brauch een net ze verstoppen, an deenen nächste Wochen nees eng Hausse kréien, och well de Retour des vacances jo och méi grouss och gëtt. Mir hunn dat och schonn 2020 kannt, an dat solle mir eis och bewosst sinn. D'Zuel vun den Tester pro Dag ass och déi lescht Woch erofgaangen, esou dass déi.... aktuell op tëscht 4.000 a 5.000 Tester och den Dag sech esou stabiliséiert hunn. Trotzdeem läit de Positivitéits-Taux vun den Tester weider niddereg. Mir leien nach ëmmer ënnert 2%. Wann een dat zum Beispill vergläicht mat eisen Noperen, leie mir do zimmlech gutt. Mee trotz deene Mesuren, ass, wéi gesot, trotz där Situatioun, trotz deenen Zuelen, ass et net de Moment fir ze soen, dass alles sollt nees
Infektiounen hunn, déi eng Realitéit och ass, mir gesinn awer och am "Stringency index", am Verglach zum Ausland, dass mir hei och nach vill Fräiheeten hunn, an dir wësst, dass dat eng Suerg ass vun dëser Regierung, dès le départ, dass ëmmer gekuckt gëtt, Fräiheeten a Restriktiounen mateneen op ee gemeinsamen Nenner ze bréngen. Et bleift wichteg z'ënnersträichen, dass d'Impfung wierkt. Wa mir keng Impfung hätten, hätte mir haut wierklech och eng ganz aner Situatioun, an dat spigelt sech och am Fong bei den Infektiounen erëm. Wann ee kuckt: am Moment sinn d'Kategorien 15-29 an d'Kategorie 30-44, déi déi am meeschte betraff sinn bei den Infektiounen, an dat sinn och déi Kategorien, déi am mannste geimpft gi sinn. Ëmgedréint gesäit een, dass deen niddregsten Inzidenz-Taux bei de Leit ass iwwert 70 Joer, an dat ass och déi Tranche vu Leit, déi am meeschte geimpft gi sinn. De Contacttracing weist weider, dass déi meescht Ustiechungen och am familiäre Kader stattfannen, an
dee ka geimpft ginn iwwert 12, ob dat Residente sinn oder och d'Frontalieren sinn. A Stand haut, kruten zu Lëtzebuerg 407.272 Persounen eng éischt Dosis vum Vaccin an 387.107 Persoune si komplett geimpft. Bei de Persounen iwwert 40 Joer hu mir eng Couverture vaccinale, déi no bei 79,9% läit, a mir hunn och 2.140 Frontalieren, déi decidéiert hunn hei zu Lëtzebuerg geimpft ze ginn. Et ginn och nei Méiglechkeete jo fir geimpft ze ginn. Mir hu jo am Ufank d'Leit jo an d'Impfzentere geruff, dunn, elo kënnen d'Leit spontan, och ouni Rendez-vous an d'Hal Victor Hugo goen. Dir hutt jo gesinn, déi éischt Deeg hat dat och ee grousse Succès. De Succès ass nach ëmmer do, et sinn nach ëmmer ganz vill Leit, déi sech spontan presentéieren. Den Impf-Bus, dee fiert op déi verschiddenste Plazen. Ech hunn den Agenda gekuckt, wou den Impf-Bus elo déi nächst Wochen och wäert fueren: dat geet vun "Fun um Glacis" bis de Fussballmatch, bis
Héichwaasser, also, ass ee Punkt, deen eis alleguerten markéiert huet, virun e puer Wochen, a mir sinn eis bewosst, dass den Covid all Dag eis markéiert, all Dag dës Noriichten mat en Element sinn, mee mir kënnen net vergiessen, wat virun e puer Wochen och hei geschitt ass. Mir gesinn, de Klimawandel ass och eng Realitéit hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn... säitdeem ech Premier sinn, hate mir Tornadoen..., Also et huet net de Lien de causalité, mee mir gesinn, dass de Klimawandel eng Realitéit och hei ass, zu Lëtzebuerg, déi Tornadoen, déi Iwwerschwemmungen... mir mussen agéieren. Mir mussen agéieren, an Dir wësst, dass fir eis och mat alle Mëttelen, d'Limitatioun vun der Äerderwiermung muss en Combat commun sinn, net nëmme fir déi nächst Generatiounen, mee och iwwerhaapt fir d'Liewensqualitéit och kënnen ze garantéieren. An dofir ass et och ganz ganz wichteg, dass mir weider preventiv Mesuren ergräifen, fir d'Bierger virun Naturkatastrophen och besser ze schützen, dat ass en anert Element wat ganz ganz
de concernéierten Verwaltungen den Optrag ginn, fir am Fong d'Gestioun vun der Kris och opzeschaffen, ënnert der Leedung vum Haut-Commissaire à la protection nationale. Haut hu mir deen éischte virleefegen Bilan och gezunn, wat gutt funktionéiert huet a wat mir am Fong nach kënne verbesseren, do wou nach Nachholbedarf och gëtt. An déi involvéiert Acteuren hunn an hirer Analys am Fong Elementer och analyséiert, wou et ze verbessere gëtt. Si hunn och kloer Piste mat verschidde Recommandatioune och schonn ervirgehuewen. Eis Verwaltunge schaffen, an dat wësse mir, och op Héichdrock, um Traitement vun den Demanden, déi d'Privatleit, d'Entreprisen an d'Gemengen och eragereecht hunn ,fir hire Schued ze deklaréieren an eng staatlech Aide unzefroen. Wéi bei de leschte Katastrophen, huet och d'Regierung séier d'Decisioun geholl fir déi néideg Suen hei zur Verfügung ze stellen, fir den Affer séier an och onkomplizéiert kënnen ze hëllefen. Mir hunn direkt eng Enveloppe vu 50 Milliounen
D'Estimatioun vun de Schied aus alle Beräicher, déi der IGF am Moment virleien, leie bei 49 Milliounen Euro. Wéi gesot, dat ass eng virleefeg Estimatioun, déi souwuel no uewen, wéi och no ënne ka variéieren. Iwwert 14 Milliounen sinn elo schonn engagéiert. Mat deenen doten Zuelen, kënnt Dir Iech virstellen... Mir haten haut de Moien och eng Diskussioun, an dunn huet den Här Gramegna eis d'Propose gemaach, dass d'Enveloppe och sollt fir d'Besoinen ugepasst ginn op 100 Milliounen, d.h. dass mir vu 50 op 100 Milliounen eng weider Enveloppe fräistellen. Mir hunn am Moment vun de Privatleit eng 143 Demanden, déi erakomm sinn. All Dag kommen do weider Demanden eran. Déi Leit wunnen an enger ganzer 30 Gemengen, wat nach eng Kéier déi national Ausmooss am Fong vun dëser Katastroph och weist. An de Montant vun dësen Demanden ass am Moment nach net méiglech z'estiméieren. Eppes ass awer scho kloer, dat ass wann een d'Zuel vun den Demanden och kuckt an och eben de Montant
vun de Schied, d.h. d'Unzuel vun de Schied, déi och komm sinn, dass nach ni sou eng Naturkatastroph zu Lëtzebuerg virdrun eng Realitéit war. D'Direction des classes moyennes huet insgesamt eng 150 Demanden vu Betriber erakritt, oft och nëmmen em Rot gefrot, haaptsächlech aus dem Horeca-Beräich, dem Artisanat an och dem Commerce. Bei den Aiden fir d'Betriber si 16 Betriber, déi och schonn en Acompte ausbezuelt kruten an enger Gesamthéicht vu 600.000 Euro. 17 Demande sinn och nach en Cours de traitement am Moment. An der Landwirtschaft sinn eng 153 Demanden erakomm fir finanziell Hëllef. Estimatioun: 1,65 Milliounen Euro. Bei den ëffentlechen Gebaier, ginn d'Schied op ronn 10 Milliounen Euro estiméiert an d'Schied un den ëffentleche Stroossen a Vëlosweeër ginn op 16 Milliounen chiffréiert. D'Schied vun de Kläranlagen a Kanalisatioune gëtt aktuell op knapp 4,8 Milliounen Euro geschätzt. Bei
D'Bierger sollen nämlech an Zukunft – et ass jo eng App, d.h. a mir wësse wéi de Succès vun der App och war... – d.h. an Zukunft ass de But dass een eng SMS och ka kréien, oder mam "Cell broadcast" gewarnt ginn. Sou kënne mir nach méi séier eng grouss Mass u Leit erreechen, ouni dass si eng App mussen eben installéieren. Eng aner Prioritéit ass och d'Versuergung mat Elektrizitéit, och bei gréisseren Iwwerschwemmungen, och ze garantéieren. D'Zil ass et, dass mir bei enger nächster – an ech hoffe selbstverständlech, dass mir keng hunn – mee bei enger méiglecher nächster Katastroph besser opgestallt sinn, fir nach Schied villäicht kënnen ze verhënneren, an nach eng Kéier, Mënscheliewen ze schützen. Mir dierfen an deem Dossier och keng Zäit verléieren. Déi ausgeschafften Analys wäerte mir och mam Haut-Commissaire, deen de Lead hei geholl huet, finaliséieren, a mir wäerten déi dann och der Chamber presentéieren, fir d'Analys vun der Situatioun,
Gemeinschaft huet et net fäerdegbruecht e stabillen an nohaltege Projet fir eng Zukunft vu senge Bierger, vun deem Land och kënnen ze realiséieren. A mir hunn alleguerten, an och Lëtzebuerg, eng Verantwortung vis-à-vis vun deene Leit, déi och hiert Liewe riskéiert hunn, fir d'NATO-Missiounen och am Afghanistan z'ënnerstëtzen, a mir hunn och eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Staatsbierger a Residenten och am Afghanistan. An Dir wësst, dass mir déi lescht Deeg och alles ënnerholl hunn, fir dës Leit esou séier wéi méiglech sécher zeréck op Lëtzebuerg ze bréngen. Mir stoungen all Moment a Kontakt mat den Autoritéiten aus eisen Nopeschlänner, wou mir konnten Hëllef kréien. Mir hu mat de Belsch, mat den Hollänner, mat de Fransousen, mat den däitsche Kolleegen ganz ganz vill Echange gehat, och mat den Englänner hate mir vill Echangen, fir ze kucke wéi mir kéinten am Fong d'Leit sécher op de Fluchhafe bréngen an dann zeréck an Europa.
deen, dass mer zanter der leschter Tripartite awer ëmmer méi an eng ganz schwéier Kris gerutscht sinn. Ech mengen et ass déi schwéierste Kris, déi mir hunn zanter Joerzéngten. Se ass e Sträppche méi schwéier wéi d'Finanzkris 2009 an mir hunn et hei ... fir eis war et hei immens wichteg dass mer d'Inflatioun hei zu Lëtzebuerg bremse kënnen. Mir hunn fir d'Leit d'lescht Joer am September decidéiert e Plafonnement vun den Energiepräisser ze maachen. Dat ass bei de Leit ukomm. Dat huet och gutt funktionéiert. Bei de Betriber huet de Plafonnement, huet deen ... dee war jo net fir déi virgesinn. Do gouf et d'"Aides énergies" an do ass gesi ginn, dass déi awer haaptsächlech fir ganz grouss Betriber do waren an net fir kleng a mëttel Betriber ukomm sinn, d.h. dee Betrib huet net nëmmen seng normal
klimafrëndlech Strukturen investéieren an dofir d'Fotovoltaik um Daach, kënnt der am Moment 10 Kilowatt sinn och steierfräi. Dat wäert verdräifacht ginn op 30 Kilowatt, d.h. dass och Leit méi incitéiert gi fir d'Saachen anzespeisen, well dorëms geet et jo, och an de Reseau, wat eis och alleguerten hëlleft. An deem Ganze solle mer och net vergiessen, dass mer gekuckt hunn, beim REVIS och den RPGH an och bei den Altersheemer, mir mussen evitéieren, dass bei den Altersheemer, dat hu mer jo scho fir dëst Joer decidéiert, dass och d'Präisser vun den Altersheemer net explodéieren, dofir ass och déi selwecht Hëllef, déi dëst Joer virgesi war och fir d'nächst Joer virgesinn. D'"Prime énergie" gëtt och weidergefouert bis Enn 2024 an och dass e "Crédit d'impôt" CO2-Steier fir déi nidderegst Akommes - do wäert den Här Bausch dann och méi an den Detail goen. An dann ass och nach eng Mesure, déi gewiescht war, déi am Moment am europäesche Kader ass, dat ass bei den Energiehëllefen, wou mir och déi selwecht
Dispositioune wäerten huelen, déi um europäeschen Niveau och decidéiert gi sinn. Dir gesitt, et ass mat deene Moyenen, déi mer hunn, mat deene Mesuren, déi mir hunn, Eppes, wou mir wierklech gekuckt hunn, och dass d'Sozialpartneren sech zesummefannen an ech wëll wierklech net d'Equatioun maachen, wat deen een oder deen anere kritt huet, well de But ass, dass mer onst Land, eis Wirtschaft, an déi Leit, déi hei schaffen, weider stäerken. Et ass am Interêt vun ons alleguerten, mee mir kënnen et net maachen och an deem mer géife soe mir maachen et op Kredit fir déi nächst Generatiounen. Ech mengen et gëtt ëmmer eng "Contrainte budgetaire", déi do ass a mir hunn et fäerdegbruecht zesummen an engem Accord an dofir wëll ech d'Sozialpartner Merci soen. Ech wëll net soen, dass dat dee schéinste Kaddo ass, deen ech bis elo kritt hunn haut, mee et ass awer dass mer et fäerdegbruecht hunn, dass mer zesummen een Accord ze fannen, et ass fir mech een Zeechen, dass wann et wierklech dorëms geet zesumme Léisungen ze sichen, a Situatioune wou et awer kritesch ass a ganz vill Bierger sech d'Fro stellen, wéi geet et Muer weider? Mer gemeinsam Léisunge fannen
Merci Här Premier an, jo, vu menger Säit och ... Ech sinn immens frou iwwert den Accord, dee mir haut hei konnte fannen. Ech mengen déi Gespréicher, déi mer haut hei haten, déi hu wierklech an enger exzellenter Atmosphär och stattfonnt. Sou Negociatiounen, dat ass dann ëmmer e Kompromëss vu mengem Point de vue an ech mengen, do si mer eis alleguer Eens, ass dat heite wierklech e ganz gudde Kompromëss. En ënnerstëtzt d'Leit. En ënnerstëtzt d'Stéit. En hëlleft den Entreprisen och. Ech mengen eis Wirtschaft an dass déi sech weider och kompetitiv an attraktiv bleift, ass eis extrem wichteg. Mir hu Mesuren am Logement geholl. Mir wëssen dass mer e Logementsprobleem hunn, och dat ass ganz wichteg. Villäicht nach eng Kéier ganz kuerz de Constat, dee mer hei musse maachen, well mir sinn trotzdeem nach a ganz onsécheren Zäiten. Mir kënne glécklecherweis soen, dass mer net méi vu Rezessioun schwätzen. Mir schwätzen net
méi vun "Stagflation". Mir sinn an engem Zenario, wou trotzdeem mer gesinn, dass mer eng gewësse Croissance hunn an do si mer natierlech ganz frou doriwwer. Mir gesinn, dass déi Mesuren, déi mer mat de Solidaritéitspäk 1 an 2 geholl hunn, fir d'Leit a fir d'Entreprisen, och wierklech gegraff hunn. Wéi de Premier gesot huet: mir hunn déi nidderegst Inflatioun an Europa an ech mengen dat ass och wierklech, well déi Mesuren, déi mer geholl hunn, och zesumme gegraff hunn. D'Mesuren adresséieren eng Partie wierklech vun den Defien, déi mer an dësem Land hunn. Fir mech ass an deem Ganze wat mer hei gemaach hunn ganz wichteg, dass d'Dette trajectoire, dass mer an där Trajectoire bleiwen, déi mer eis och ginn hunn an der Koalitioun. Dir wësst am Koalitiounsaccord steet, dass dat net däerf méi héich wéi 30% par Rapport zum PIB goen. Dat ass mat deem heiten
Accord voll a ganz respektéiert. mir wëllen eis Zukunft net hypothekéieren. Mir bleiwen do drënner. Dat ass fir mech ganz wichteg. Déi grouss Mesure, déi mer dann elo hei effektiv geholl hunn, ass d'Barèmesupassung un d'Inflatioun ab 2024 2 an eng hallef Tranche. Eng Komplettupassung ass net méiglech. Dofir ass effektiv kee Sputt. Dat ass a bleift effektiv wouer. Mee mat dëser Mesure a mat dëser Upassung bréngt et natierlech ganz kloer Entlaaschtungen - fir d'Leit nohalteg z'entlaaschten. D'Leit kréie méi Kafkraaft D'Leit kréie méi Kafkraaft. Et kënnt natierlech och de Betriber ze gutt. Dat ass dann eng deelweis Upassung oder Berengegung vun der Inflatioun an ech mengen dat ass wierklech eng ganz, ganz wichteg Mesure
kafe wëllen. Et muss ee bemierken, dass hei de Montant effektiv wärend 20 Joer net ugepasst ginn ass. Dofir ass dat och eng Mesure, déi eis wichteg ass. Eng 2. Logementsmesure: wat d'Scholdzënsen ugeet. D'"Intérêts hypothécaires". Vu d'Evolutioun effektiv vun den Zënsen, gëtt de Plaffong vun den Zënsen, déi een dann ofsetze kann, dee Plaffong vun 2.000 op 3.000 Euro eropgesat. Dat ass also 50% erop gesat, de Maximum vun deem wat een hei ofsetze kann. Dës Mesure wäert dann och retroaktiv op den 1. Januar zielen. Et kann also op der Steiererklärung fir dëst Joer, also 2023 scho geltend gemaach ginn. Dëst ass dann och wéi gesot eng direkt Reaktioun op d'Augmentatioun vun den Zënsen a kënnt
Eng 4. Mesure an ech mengen d'Ministere wäerten dann och villäicht méi am Detail do drop agoen: op der Fotovoltaik. De Premier hat et och mentionéiert. Hei geet et dorëms déi energeetesch Transitioun konkret z'ënnerstëtzen an z'acceleréieren. Ech mengen dës Mesure ass wierklech och eng Vereinfachung fir d'Leit, wa mer da vun 10 op 30 Kilowatt dee fräie Betrag dann eropsetzen. Wat dann d'Tripartite-Mesuren ugeet, ech mengen de Premier huet dat schonn erkläert: d'Energiemesuren, déi mer dann ëm 1 Joer weiderféieren. Ech mengen dat ass wierklech extrem wichteg, well de But hei natierlech och ass a bleift, dass mer déi Inflatioun am Grëff behalen a mat där Mesure laut Statecsberechnungen dann och d'Inflatioun vu 4,8 op 2,8%
kënnen niddereg halen oder erof bréngen an domadder wär dann och eng Indextranche reportéiert, well déi Mesuren dann eben an deem Sënn och solle gräifen. D'Kompensatioun vum 3. oder vum Index, deen da soll am Hierscht fale fir d'Entreprisen, déi Mesure leeft dann iwwert d'Mutualitéit vun den Employeuren. Dat ass dee Wee, deen am einfachsten ass fir dat ze maachen. Mir hunn dann och an der Tripartite decidéiert, dass och fir de Januar nach ee Mount da weider kompenséier gëtt an ech mengen dat ass wierklech am Interêt vun den Entreprisen. Dofir ass dat och ganz wichteg. D'Altersheimer ginn dann och weider ënnerstëtzt fir d'Energiekäschten am Grëff ze halen. De Premier hat dat och mentionéiert
D'Primm Energie gëtt weidergefouert. Dëst an d'nächst Joer. Den Equivalent REVIS an RPGH fir d'"Personnes handicapées" gëtt dann och weidergefouert fir dëst an d'nächst Joer. Déi Mesuren, de Pak, dat ass natierlech elo alt nees kee bëllege Pak, mee mir wëllen natierlech hei wierklech konkret awierken dann am Interêt vun de Leit, am Interêt vun den Entreprisen. Mir schwätzen hei vu Ronn eng hallef Milliard Euro, déi mer dann all Joers an d'Hand huele fir dat heiten ze maachen. Fir mech, ech stinn absolut hannert dësem Accord. Mir maachen hei Eppes wat responsabel ass. Mir maachen Eppes wat realistesch ass. Mir maachen Eppes wat solidaresch ass an ech mengen dat ass wichteg fir d'Zukunft
Jo, Merci. Ech faasse mech ganz kuerz. Den Detail vun de Mesuren hutt Dir héieren an dee gréisste Succès a mengen Aen haut den Owend ass, dass mer hei gemeinsam stinn, dass mer et fäerdegbruecht hunn an et muss ee soen, a ganz schwieregen Zäiten. Och wann mer eng liicht Verbesserung gesinn, duerf een net aus den Ae verléieren, dass mer matten an enger ongewësser Zäit si mat extrem ville Suergen op de Säite vun de Bierger, ma och vun de Betriber an do ass et un sech dat wat zielt, dass mer zesummefannen, dass mer kënne räsonabel diskutéiere wat mer mat deene Méiglechkeeten, déi mir hunn am beschte kënne maachen. Dir hutt et héieren: Mir hunn hei souwuel kuerzfristeg Mesurë geholl fir dem Kafkraaftverloscht entgéintzewierke fir d'Inflatioun och weider ze drosselen. Dat ass dat wat de Succès war vum leschten Accord, dee mir fonnt hunn, wou mer et fäerdegbruecht hunn an enger Situatioun ze sinn, déi awer hiresgläichen an Europa am Moment sicht, an awer och en 1. Schrëtt ze maachen a Richtung vun enger struktureller Reform um Niveau vun de Steieren. Eng Upassung, déi eben der kaler Progressioun entgéintwierkt , déi längst iwwerfälleg
choc inflationniste - mer géifen nees zesummekommen oder wann eng drëtt Indextranche och Enn dës Joers géif erfalen, dass mer och géifen zesummekommen. Déi Konditioune waren erfëllt an dowéinst ass och dës Reunioun organiséier ginn. Mir haten 2 Bipartitten op Demandë vun de Sozialpartner. Vun där enger, vun där anerer Säit. Ech muss Iech awer och soen, dass bei de Conclusioune vun de Bipartite komm ass, dass et besser ass, dass mer an Tripartitten zesummen diskutéieren, well d'Experienze vun de Bipartitten hunn awer och eng Vertrauensbasis erschüttert, déi net onbedéngt gutt ass wann ee wëll zesummen och een Accord fannen. Dofir sinn ech och ganz frou, dass mer et fäerdegbruecht hunn déi Tripartite och sou z'organiséieren. Ech weess, dass Dir Iech direkt d'Fro stellt "Wat war dann elo alles um Ordre du jour nieft deenen 2 Punkten, déi jo waren?" Ech hunn och de Sozialpartner de Moien erkläert, dass fir d'Éischt
da gi mer jo e Signal, datt fir dëst Joer a fir d'nächst Joer, déi Leit, déi z.B. decidéieren, an hiren Haiser Saachen ze maachen, z.B., um Niveau vun hirem Heizsystem an iwwerzeschwenken op en méi nohaltegen Heizsystem z.B. datt déi sech fir dëst Joer a fir d'nächst Joer net brauche grouss Suergen ze maachen, datt se eng grouss Stabilitéit hunn op de Präis an dat ass extrem wichteg natierlech fir datt mer d'Leit weider uspornen, datt d'Leit och déi Garantien hunn. Dat huet awer och e groussen Impakt op eis Ekonomie. Well wann ech dat soen, da soen ech dat, well ech den Ament weess, datt an der Baubranche an an der Handwierksbranche, d'Demande richteg explodéiert ass an deene Beräicher an datt d'Leit ufänke richteg matzemaachen. Datt d'Handwierksbetriber an d'Baubranche nach dovunner profitéieren an domadder gi mer natierlech och duerch de Fait, datt mer dat dote maachen, eng ganz grouss Garantie, datt an der Baubranche an am Handwierk, an deene Beräicher, wou dat dote muss kënnen installéiert ginn, datt déi, déi nächst 2 Joer gutt kënne schaffen. Also e wichtegt Instrument niewent natierlech all aneren, déi
Dat wat mer hei gemaach hunn, dat ass un sech näischt Neies, well mir hunn dat jo decidéiert gehat deemools, wéi mer d'CO2-Steier agefouert hunn, datt 50% vun de Recettë vun där Steier missten obligatoresch genotzt ginn fir deenen ënneschten op der Lounskala, deene Leit, deenen et manner gutt geet, fir datt déi Suen och zeréckkréien, dat deene gehollef gëtt. Dat hu mer gemaach, wéi mir et agefouert hunn, an der 1. Phas. Dat ass bei der 2. Phas gemaach ginn an et ass och dëst Joer dran. Dat ass verschafft an deem "Crédit énergie", deen et haut scho gëtt, deen am Abrëll ausleeft. Mee de Montant, deen do dran ass, deen ass esou héich, datt d'ganzt Joer ofgedeckt ass. Mee fir datt mer eng besser Visibilitéit dovu kréien, wäert d'nächst Joer am Budget dat e separate Kredit ginn an dat ass och wichteg fir an Zukunft, wann eng nächst Regierung weider Schrëtt wëll maachen, datt jiddweree kann novollzéien, ëmmer ka kucke goen a kontrolléiere goen, ob d'Regierung och hiert Verspriechen hält, datt 50% vun deene Recetten, déi do erakomme musse fir sozial Zwecker
Dat wat mer hei gemaach hunn, dat ass un sech näischt Neies, well mir hunn dat jo decidéiert gehat deemools, wéi mer d'CO2-Steier agefouert hunn, datt 50% vun de Recettë vun där Steier missten obligatoresch genotzt ginn fir deenen ënneschten op der Lounskala, deene Leit, deenen et manner gutt geet, fir datt déi Suen och zeréckkréien, dat deene gehollef gëtt. Dat hu mer gemaach, wéi mir et agefouert hunn, an der 1. Phas. Dat ass bei der 2. Phas gemaach ginn an et ass och dëst Joer dran. Dat ass verschafft an deem "Crédit énergie", deen et haut scho gëtt, deen am Abrëll ausleeft. Mee de Montant, deen do dran ass, deen ass esou héich, datt d'ganzt Joer ofgedeckt ass. Mee fir datt mer eng besser Visibilitéit dovu kréien, wäert d'nächst Joer am Budget dat e separate Kredit ginn an dat ass och wichteg fir an Zukunft, wann eng nächst Regierung weider Schrëtt wëll maachen, datt jiddweree kann novollzéien, ëmmer ka kucke goen a kontrolléiere goen, ob d'Regierung och hiert Verspriechen hält, datt 50% vun deene Recetten, déi do erakomme musse fir sozial Zwecker
Ech maachen et och ganz kuerz. Ganz, ganz kuerz. Versprach. An ech zielen och keng Mesurë méi op. Ech soen Iech e grousse Merci fir Är Presenz nach an Är Gedold de ganze laangen Dag. Dat ass eis jo och wichteg, dass mer kënne matdeelen, firwat mir Accorde fannen a wat déi Prämisse sinn, déi dann elo fir meng Organisatioun sinn, déi erfëllt gi sinn a firwat mer da kënne soe mir deelen deen Accord. Ech wëll awer virausschécken, dass mer natierlech an et gëllt och fir d'Kolleegen, nach bei eis Gremie ginn, de prinzipiellen Accord huelen e Méindeg, awer mir hunn e "Projet d'accord" virleien. Dräi Prämissen ware fir eis erfëllt. Dat 1. an dat huet de Premierminister direkt am Ufank gesot, dat war wichteg, do iwwerraschen ech Iech elo net, den Index spillt erëm normal, och 2024. Dat war fir eis natierlech e ganz grousse Succès, dass hei an engem Accord dräi Parteien sech bekennen dozou, dass den Index-Mechanismus och am Joer 2024 normal spillt
an dass mer e bësse Rou kréien, wann alles gutt leeft op deem Punkt bis 2025 an dat ass eng vun eise ganz wichtege Fuerderungen, déi erfëllt war. Zweet grouss Fuerderung, dat sinn d'Energiehëllefen. Do ass jo méi wéi e Phasing out. Mir si carrement bei enger Verlängerung ëm e ganzt Joer. Dat ass gutt. Dat erfëllt och dat wat mir am Fong och d'lescht Joer an der Tripartite ëmmer gesot hunn. Et hëlleft de Leit, et bremst d'Inflatioun of an dat ass och e Succès vun dësen Diskussiounen an deen 3. Punkt ass déi Diskussioun ronderëm de Barème. Jo, do wësst der, mir haten d'Adaptatioun vum Steierbarème un d'Inflatioun gefuerdert an haut de Moie war et Mol nach net ganz sécher, ob et op der Dagesuerdnung wier. Dat heescht mir hunn hei och e Succès. Mir hunn een Ufank vun där Adaptatioun un de Steierbarème deen elo do ass. Dat war ganz, ganz laang Joren net de Fall a mir hunn ëmmer vill dofir gestridden an et ass och Dank dem Drock vun de Gewerkschaften, muss ee soen, dass mer hei
Merci. Mir hunn en Resultat vun der Tripartite haut virleien, wat en ligne ass mat deenen Accorden, déi mer d'lescht Joer am Mäerz geholl hunn, an och am September vum leschte Joer. Mir hunn ëmmer erëm Léisunge vis-à-vis vun de Situatioune fonnt. Mir sinn - an dat ass schonn e puer mol gesot ginn - an enger schlëmmer Kris, warscheinlech der schlëmmster Kris insgesamt gesinn an de leschten 3 Joer, duerch déi Lëtzebuerg gaangen ass zanter laangem. Ech wëll direkt hei soen, dass den LCGB dat hei als ee gudden Accord gesäit, dee mir och d'nächst Woch Méindeg eise Gremie wäerte virleeën. Niewent deene Mesuren am Logement ass natierlech besonnesch den Energiepräisdeckel bis den 31. Dezember 2024, deen un sech ... déi Verlängerung. Dat bréngt an enger imprevisibeler Situatioun eng grouss Previsibilitéit fir d'Leit, déi hei am Land mussen ënnert deene Konditioune liewen. Mir kréien d'Inflatioun erëm gedeckelt, et ass deen eenzegen Deckel, wou mir un sech frou sinn, dass mer e kréien, wann ech dat
sou dierf soen a mir hunn an dësem Accord kloergestallt, dass eisen Indexsystem ofgeséchert ass a voll ka spillen. Mir kréie strukturell Verbesserungen am Steierbarème, déi op den 1. Januar 2024 a Kraaft trieden, an der Héicht vun 2,5 Indextranchen, déi adaptéiert ginn a mir hunn fir dëst Joer e "Crédit d'impôt" an der Héicht vun 2 Indextranchen, deem dëser Adaptatioun dann entsprécht an deen direkt de Leit dann ze gutt kënnt. Niewent eng Rei vun anere Mesuren, déi elo scho genannt gi sinn, wéi de Crédit d'impôt CO2, well ech un sech soen, dass d'Prioritéite fir den LCGB an dëser Tripartite erreecht sinn: dat ass d'Kafkraaft vun de Leit stäerken an duerch déi Hëllefen, déi och a Richtung vun de Betriber ginn d'Existenzen, d'Aarbechtsplazen ofsécheren. Ech wëll domadder ophalen, dass ech haut soen, dass mer haut eisem Premier konnte felicitéiere fir seng 50 Joer an ech och nach eng Kéier Villmools Merci fir säin Engagement wëll soen
Jo, ech hunn et einfach. Ech kommen als Leschten. Et ass schonn alles gesot. Ech widderhuelen da just, awer net ganz vill. Jo, mir liewen natierlech an enger ganz spezieller Zäit. Dat ass ganz kloer. Mir hunn et och fäerdegbruecht dës Kéier als 3 Gewerkschaften eng Fuerderung ze stellen. Keng 36. Ech mengen déi Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun, dat ass Eppes wat eis ganz wichteg ass. Déi Upassung, déi kënnt elo jo. Souwäit ech Iech virdru verstanen hunn, sinn dat 6,16%, also iwwer 6%, déi den 1. Januar d'nächst Joer, 2024, kommen. Dëst Joer natierlech déi Steierkreditter. Wat eis och ganz wichteg ass, natierlech och datt Dir d'Festschreiwe vum Index fir d'Joer 2024, datt dat och erëm normal da soll funktionéieren. Dat ass fir eis och vu ganz grousser Wichtegkeet an och déi aner Mesuren, déi natierlech hei mat dra sinn, notamment natierlech och déi Gas, Energie-Präisdeckelung bis Enn
wou eng Situatioun ass an ech hunn Iech de Logement genannt, ech hunn Iech awer och d'Kafkraaft vun de Leit och erwäänt, wou et awer och wichteg ass, dass mer kënnen drop reagéieren. Dowéinst hu mer ugefaangen awer, wann ech chronologesch aginn, mat deem 1. Punkt, dat war déi Kompensatioun vun där Indextranche, déi jo laut dem Statec géif am Oktober an engem "Scénario central" och falen. Do wäerte mer iwwer d'Mutualitéit och fueren. Den Här Haagen huet do och dee Modell ausgeschafft an do ass och d'Approbatioun vu Patronssäit, déi wäerten sech och elo nach gesi fir dat eben och nach ganz festzemaachen, dass e Montant vun ongeféier 120 Milliounen, mee dee war schonn am Accord och virgesinn. Et ass elo net, dass dat nei ass. Dat doten ass am Fong d'Applikatioun vun deem Accord, dee mer och d'leschte Kéier ënnerschriwwen hunn. Beim Phasing out vum elektreschen a vum Gas-Deckel, also Präis: Mir hunn
d'Analys gemaach. Et ginn eng Rëtsch vu Modeller bei engem Phasing out. Et kéint ee jo dann z.B. soen, dass mer ab Januar géifen 10% erof goen, dann 20% erof goen an dann 30% erof goen. Den Energieminister, de Claude Turmes, huet eis ganz genau erkläert, dass wa mer den 1. Januar just déi 10%, wa mer deen Deckel jo dann net méi hunn, an da geet et erof, de Risk besteet, dass den Elektreschpräis sech verduebelt. Fir jiddweree verduebelt. Dat ass eng Realitéit um Terrain, sou wéi d'Situatioun am Moment um Marché ass, dass wann déi Mesure den 1. Januar net integral weider geet, dass dann den 1. Januar d'Präisser vum Elektresch riskéieren ze verduebelen. Dee Risk wëll keen. Dee Risk wëll keen a mir hunn och als Regierung, wa mer decidéiert hunn, no deene laange Gespréicher mat de Sozialpartner, dass mer dowéinst déi Mesuren am Fong, déi mer dëst Joer geholl hunn, d'nächst Joer verlängeren. Fir d'ganzt Joer. Wat mat sech bréngt, dass mer vun 2,
Mir mussen drop reagéieren. Dofir ass deen Accord zesumme fonnt ginn, deen am Interêt ass vun enger niddreger Inflatioun, mee virun allem och am Interêt vum Contribuabel, deen dann den 1. Januar op eng Kéier mat sou Rechnunge konfrontéiert wär. Bei deem ganze Kader wëll ech awer och erënneren, dass der jo wësst, dass mer verschidde Prämissen hunn. Déi 1. Prämiss ass - ech mengen d'Finanzministesch huet dat och an deene leschte Woche schonn ugekënnegt - dass de Sputt net onendlech ass, dass mer och eis een Zil gesat hunn am Koalitiounsaccord fir net iwwer 30% Schold och wëllen ze maachen. Dat sinn déi Prämissen, déi och wichteg sinn an et ass och am Accord mat deem wat Dir déi lescht Wochen och gesot hutt, wou déi verschidde Pisten hei konnten och zeréckbehale ginn. D'Upassung vum Barème ass eng Realitéit, wou vill diskutéiert ginn ass a wou mer zur Conclusioun och komm sinn, zesumme mat de Sozialpartner, dass mer géifen eng Adaptatioun vun der Steiertabell ab dem 1. Januar 2024
2006 ass den Text mengen ech. Wann een dee géif applizéieren, wier 2,5 Mol och eng Indextranche gefall. Dat ass déi eenzeg Kompensatioun, déi am Fong legal, wann een deen Text kuckt, deen et am Moment net gëtt. Deen et am Moment net gëtt! Mee awer op Drock vun de Gewerkschaften, déi och déi Adaptatioun och gefrot hunn, an nodeems mer eis wierklech och consultéiert hunn, dass den Text, wann een dee géif applizéieren, dat och 2,5 Indextranchë wieren. Dowéinst... Ech weess dass aner Zuelen zitéiert gi sinn, mee hei ass den Text, deen dee leschten Text war, deen hei zu Lëtzebuerg och gegollt huet, deen hätt dann 2,5. Dat ass och d'Demande, déi komm ass vun de Gewerkschafte fir déi dann och an der Steiertabell och z'adaptéieren. Fir dëst Joer kënne mer net. Dat wësst der jo. Mee dëst Joer ass och mat deem Sputt, dee mer hunn op 2 Mol eng Indextranche, wou d'Adaptatioun dann och stattfënnt. Wou se ongeféier plus ou moins gekuckt an
där Richtung och ass wat awer eng Adaptatioun vum Steierbarème och mat sech bruecht huet. An dat wier dann och de Steierkredit, deen ass fir 2023, géif deen dann och réckwierkend ab dem 1. Januar och schonn zielen. Wat fir eis och wichteg war an och wichteg war fir d'Gewerkschaften an awer och fir d'Patronat an engem gewëssenen Deel, ass wa mer deen doten Accord maachen, an ech hunn nach aner Punkten, wou ech drop wäert agoen, ass et awer wichteg dass d'Leit wëssen, dass 2024 den Index nees normal funktionéiert. 2024 si keng Manipulatiounen etc. an etc. Den Index leeft nees normal. Et gëtt keng Manipulatioun vum Index gemaach. D'Clause de Rendez-vous ass, an dat ass ebe well am Moment mat deene Mesuren, déi mir geholl hunn, eng Indextranche jo... Dat ass jo déi vun Oktober vun dësem Joer, déi jo op den ... Well dat ass och am Accord elo dran, dann ausbezuelt gëtt ... Am Oktober, déi gëtt net manipuléiert, mee déi gëtt kompenséiert bis an de Januar och vu Regierungssäit.
D.h. och nees iwwer d'Mutualitéit, mee da gëtt déi ausbezuelt, och am Oktober, wéi geplangt, an dass d'Patronat sech awer och engagéiert, dass déi nächst Indextranche 2024 net nees an d'Diskussioun kënnt. Mir mussen eis awer engagéieren - dat verstinn ech och - vis-à-vis vum Patronat, dass wann awer d'Situatioun, well mir hunn och e "Scénario catastrophe". Et gëtt jo e "Scénario bas", et gëtt e "Scénario central", mir baséieren eis ëmmer op de "Scénario central", an et gëtt och de "Scénario haut", dee mer kengem wënschen, mee wou dann eng Situatioun eng ganz aner wär, dass da selbstverständlech eng nei "Clause de rendez-vous" muss och garantéiert ginn. Mir sinn der Iwwerzeegung, dass d'Kafkraaft stäerken am Interêt vun ons alleguerten ass. Net vun hei, net vun do, mee vun ons alleguerten. Et ass am Interêt vun ons alleguerten, wann et dem Bierger och besser geet. Bei de Mesuren, déi nach komm sinn, war ... an ech hunn Iech virdru gesot: de Logement, ee vun deene Punkten, déi awer net onwichteg sinn, an d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail drop agoen, mee Dir hutt dee Punkt vum
bëllegen Akt, wou et och fir eis wichteg ass, dass eng Upassung gemaach gëtt, déi scho ganz laang net méi war, mee d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail goen. Mir wäerten och bei den Zënsen, déi ee kann ofsetzen, agéieren. Do wäert ech elo och net méi an den Detail goen, Madamm Backes, da kënnt Dir dat och erklären, an och an der "Location sociale". Am Moment hutt Dir jo och eng Exoneratioun vu 50%. Dee géife mir och eropsetzen. Firwat? Fir d'Leit z'encouragéieren och bei der "Location sociale" méi aktiv ze ginn. Mir sinn eis bewosst, dass d'"Location sociale" gebraucht gëtt an dowéinst, wa mir d'"Attraits" vun der "Location sociale" méi grouss maache kënnen, virun allem well et Leit sinn, déi och da privat eng ... Et sinn net vill grouss Promoteuren déi dat maachen, mee awer Privatleit, déi dat doten och gäre maachen. Dofir mengen ech, datt dat doten och wichteg ass a wa villäicht deen een oder deen aneren awer och domadder den Incentive fënnt fir méi, och als méi grousse Proprietär et ze maachen, dann tant mieux. Nonobstant dat Ganzt, si mer och der Meenung
kritt hunn fir verschidden Regime d'Aiden. Et muss een awer natierlech der Fairness halber dozou soen, dass déi Aiden, déi elo ugefrot ginn, nach kënne bis Mäerz ugefrot ginn, d.h. wann een am November, Dezember Perten hat, oder am Oktober, da kann een déi nach bis Mäerz ufroen. Trotzdeem, wat mer an deenen héijen Zäite gesinn hunn, wann komplett Fermeturë waren oder sou, sinn d'Aiden direkt eng, zwou, dräi Wochen nom Ofschloss vun deem Mount um Ministère erakomm fir sou séier wéi méiglech kënne Liquiditéiten an d'Betriber ze kréien. Do gesi mer elo, dass d'Aiden ganz staark zeréckgaange sinn. D'Demande d'Aiden. Dass ganz vill Betriber, ausser d'"Aides coûts non couverts", déi gräift bei enger Perte vu 40% vum "Chiffre d'affaires", erofgaange sinn op eng "Aide relance", déi gräift bei enger Perte vu 25% vum "Chiffre d'affaires" an dass mer souguer an där Aide vill manner Betriber hunn. Dat heescht dass och eng ganz Rëtsch Betriber guer keng Aide méi kënnen ufroen, well se d'Perten net hunn, sou dass mer do an enger gewëssener
Merci Georges. Och e schéinen, gudde Mëtteg vu menger Säit. Ech mengen ier ech ufänken, Iech e bëssen z'erziele wéi de Chômage partiel elo soll iwwert déi nächst Méint ausgesinn, ass et villäicht ganz gutt e kuerze Punkt ze maachen an e klenge Rappell ze maachen, wat den aktuelle Regime ass vum Chômage partiel. Et ass net ëmmer evident dat genee ze suivéieren, well mir hunn effektiv, wéi de Georges Engel dat elo gesot huet, iwwert déi lescht 2 Joer, méi wéi 2 Joer geschwënn, am Mäerz ginn et 2 Joer, ëmmer erëm, kontinuéierlech de Chômage partiel adaptéiert un d'Begebenheeten, un d'Evolutioun vun der Pandemie, op den Impakt vun der Pandemie, op d'Wirtschaft, op déi verschidde wirtschaftlech Secteuren, an deem mer Avancen ausbezuelt hunn, an deem mer ëmmer nei Secteuren a Wirtschaftsbranchen erageholl hunn an sou et wierklech och fäerdegbruecht hunn eis Ekonomie op eng ganz breet Aart a Weis
ze stabiliséieren. Dofir ass et net ëmmer einfach dat genee ze suivéieren an dofir ass et gutt fir et elo nach eng Kéier eng kleng "Piqûre de rappel" do ze maachen, wann der mer déi Expressioun hei erlaabt. Mir hunn fir de Moment eng Situatioun, wou mer d'Industrie, de "Manufacturier", acceptéieren. Dat ass de klassesche Chômage partiel. D'Industrie ass eligibel fir de Chômage partiel. Dat ass de Regime, dee mer säit de 70er Joren hunn, de Chômage partiel. Entweder op Base vun "Chômage partiel conjoncturel" oder "structurel", wann dann e "Plan de maintien dans l'emploi" do ass. Dann hu mer déi sougenannten "Secteurs vulnérables", déi de Georges Engel schonn ugeschwat huet. Dat sinn déi Secteuren, déi ënnert der Pandemie leiden, déi impaktéiert
Dat betrëfft nach eng Kéier just déi sougenannten "Secteurs vulnérables", déi ech elo just beschriwwen hunn, déi virun der Pandemie - ech mengen och do muss een nach eng Kéier drun erënneren - déi virun der Pandemie nach ni Accès haten zum Chômage partiel, zu der Kuerzaarbecht. Mir kommen also dann dee Moment zeréck op d'Situatioun vu virun der Pandemie, well et ass de Constat, dass mer lues a lues mussen zeréck an eng gewëssen Normalitéit kommen an dat wäert och gutt phaséiert gi mat deenen "Aiden", mat deem Pak vun Hëllefen, déi de Lex Delles Iech duerno wäert presentéieren. Et ass wierklech Suerg gedroe ginn, dass hei de Chômage partiel an d'Hëllefen Hand an Hand gi fir de Betriber an där Iwwergangsphas wierklech nach kënne bäizestoen, awer och fir déi néideg Previsibilitéit ze ginn, déi néideg Viraussiicht ze ginn op 5 Méint bis Enn Juni a mir mengen dass dat wierklech all deene Betriber,
well do d'"Fermeture administrative" bis 23 Auer nach ëmmer en vigueur ass, kréien nach wie vor all d'Betriber aus dem Horeca-Secteur Accès op Kuerzaarbecht mat engem Maximum vun 25% vun den Aarbechtsstonnen mat der Ausnam vun den Nuetslokaler déi 100% vun hiren Aarbechtsstonne kënnen indemniséiert kréien. Eng aner Exceptioun, déi mer am Beräich vum Horeca virgesinn, an dee betrëfft e ganz spezifesche Secteur, deen extra schwéier betraff ass vun der Pandemie, nämlech deem vum Secteur vun den Hotellen. Do géife mer proposéieren, dass déi fir de Mount Februar nach géife 50% Accès kréien zum Chômage partiel. D'Hotellerie, wéinst de Reesrestriktiounen, awer och wéinst dem Impakt vun der Pandemie weltwäit
Och do wësse mer dass den Evenementiel vill méi haart betraff ass wéi all déi aner wirtschaftlech Secteuren. Och do hunn déi verschidde Mesuren, déi an deem leschte Covid-Gesetz geholl gi sinn, dee Secteur extra-haart getraff, iwwert déi Mesurë vun 2G+ awer och iwwert déi verschidden Eventer, déi ofgesot goufen - Dir wësst ganz gutt, dass der keng Invitatioune krut op Receptiounen, Neijoerschreceptiounen, awer och alles wat soss am Evenementiel ass, ass am Fong bal alles ofgesot ginn, sou dass och dee Secteur wierklech quasi flaach läit. Dofir hu mer och decidéiert fir den Evenementiel, d.h. d'Federatioun LEA, awer och de FEDIL Catering an d'Liewensmëttelhandwierk fir de Mount Februar exzeptionell bis zu 50% vum Chômage partiel vun den Aarbechtsstonnen ze ginn an dann duerno awer erof ze goen op
Fir Mäerz/Abrëll an dat ass och wierklech eng wichteg Prämiss, fir Mäerz/Abrëll ënnert der Prämiss, dass natierlech déi Mesuren, déi aktuell nach en vigueur sinn, dass déi all opgehuewe ginn. Dat heescht, do gi mer dovunner aus, dass dat wäert geschéien. Dat heescht wann déi Mesuren, besonnesch de "Couvre-feu", elo auslafen, Enn Februar, dass déi och net wäerten erneiert ginn. Dat ass natierlech een optimisteschen Zenario, wou mer dovunner ausginn, dass d'Pandemie sech awer elo e bëssen offlaacht an deene kommende Méint. An där Hypothees géifen d'Betriber aus dem Horeca-Secteur fir d'Méint Mäerz/Abrëll just nach Accès kréie wann se Member si vun der Federatioun Horesca. D'selwecht wéi all déi aner Betriber vun deenen anere Federatiounen. Dat heescht do wäert erëm de "Plan de maintien dans l'emploi" just gëlle fir d'Membere vun deene verschiddene Federatiounen a mir géifen och proposéiere fir déi Méint op
hei hu mer eppes gemaach, wou mir mengen dass et en wierklech generéise System ass, wou mir de Betriber Virlaf ginn, wou mer hinnen eng Perspektiv gi bis Ufank Juli, wat hinne misst erlaben sech nei z'organiséieren. No 2 Joer an 3 Méint Chômage partiel si mer der Meenung dass mer iergendwann eng Kéier do mussen erëm eraus kommen, an e normale Betrib och kommen, wat de Chômage partiel ugeet. Dir wësst dass de Chômage partiel keen Instrument ass fir all eenzel Betrib ze retten. Dat ass guer net méiglech, mee et ass een Instrument wat do ass fir deene Secteuren ënnert d'Äerm ze gräifen, déi vulnerabel sinn, déi getraff gi vun enger "Force majeure", vun engem Evenement wat net viraus ze gesi war an hei si mir mat där Pandemie, ware mer do wierklech voll an där Hypothees. Mee elo wësse mir, wat d'Pandemie mat deene verschiddene Secteure mécht. D'Betriber wëssen dat a si kënnen sech also ëmstellen. Si kënnen hiren "Plan d'affaires" ëmstellen a si mussen sech da gegebenenfalls och reorganiséiere fir dat alles
Merci villmools. 22 Méint ass et hir, dass Lëtzebuerg huet missen an deen 1. Lockdown goen. 22 Méint haten Héichten an Déiften a waren immens schwiereg fir eist Land, eis Gesellschaft, déi vill Salariéen an awer och natierlech fir eis Betriber. Kaum een hätt geduecht, wat fir ee laangen Otem mir alleguer bräichten, a virun allem den Tourismus, Horeca-Secteur an Evénementiel, déi um ekonomesche Plang ëmmer erëm am stäerksten duerch déi klengste sanitär Restriktioune betraff waren an och nach ëmmer sinn. Mir sinn nach net iwwer de Bierg vun dëser Kris an awer trotzdeem kann ee soen, dass mer mir e Liicht um Enn vum Tunnel gesinn an dofir musse mir elo den Après-Crise preparéieren. Zanter dem Ufank vun der Pandemie setzt d’Regierung op Hëllefsmesüren fir eis Betriber z’ënnerstëtzen an Aarbechtsplazen och kënnen z‘erhalen. D’Regierung huet ni
gezéckt nozebesseren, z'adaptéieren an d’Mesuren ze verlängere wann d’Situatioun dëst och erfuerdert huet. Dat weisen och déi 11 verschidden Hëllefsregimmer, déi mir als en place gesat hunn. Domadder sinn iwwer 548 Milliounen Euro un eis mëttelstänneg Betriber an och un d'Independante gaangen. Et héiert een heiansdo an dësem Kader Leit vun Almose schwätzen. Ech mengen awer éischter, dass een hei muss kënne vun engem Investment schwätzen, en Investment an d’Zukunftsfäegkeet vun eise Betriber an eng Preparatioun vun engem "Après-Crise", fir datt mer och an Zukunft nach Betriber hunn, déi kënnen funktionéieren an déi an der "Après-Crise" staark do sti fir kënne weider ze funktionéieren, weider eis Ekonomie kënnen z'ënnerstëtzen an och weiderhi kënnen dat maache firwat se do sinn. Kee Betrib wëll op staatlech Hëllefen ugewise sinn, an ech weess, dass et villen Entrepreneure schwéier gefall ass, fir iwwerhaapt esou
Aiden unzefroen. En Entrepreneur huet a senger DNA, dass e schaffe wëll, an ech hoffen, dass mir eis och an Zukunft genau ëm dat erëm këmmere kënnen, nämlech eise mëttelstännege Betriber, dee beschtméiglechste Kader ze schafen, fir dass si hir Aarbecht maache kënnen. A genee fir dohinner ze kommen, ass et elo wichteg eise Betriber ze hëllefen, fir d’"Sortie de crise" ze meeschteren. Et ass souwuel vum Här Fayot, wéi vum Här Engel schonn ugeschwat ginn: dee wichtegste Punkt ass d'Previsibilitéit. D'Previsibilitéit dass de d'Betriber elo wëssen, wourop se sech an deenen nächste Méint kënnen astellen. Dofir alleguerten déi Presentatioun, déi vum Här Fayot gemaach ginn ass, fir ze wëssen, wou gi mer hin mam Chômage partiel an ebe grad do ass et wichteg, de Chômage partiel an déi verschidden Aiden-Regimmer gräifen aneneen, si wichteg, dass se komplementar sinn, si wichteg dass se matenee funktionéieren. Dofir
hu mer an der Regierung decidéiert fir iwwert de Februar eraus nach 4 Méint, also bis Enn Juni, eis Aiden-Regimmer ze verlängeren an dëst an der Optik vun engem "Phasing out". Mir maachen dat fir de Betriber de Wee zeréck an eng Normalitéit kënnen ze vereinfachen an eng Relance kënnen ze begleeden. Mir wëlle mat dëser Annonce de Betriber Planungssécherheet ginn, fir dass si wëssen, wou mir iwwer déi nächst Méint mat den Aiden histeieren an och wësse wéi d'Aiden an de Chômage partiel an Zukunft wäert ausgesinn. Als klenge Rappell: eisen Hëllefsregimm baséiert am Ament virun allem op zwou Aiden. Dat ass 1. d‘"Aide de relance" an 2. d’"Aide aux coûts non couverts". Béid Aiden wäerte fir 4 Méint an enger adaptéierte Form weiderlafen. Opgrond vun den neie sanitäre Restriktiounen, déi, Stand haut, bis Enn Februar lafen, besonnesch der Obligatioun fir d’Caféen a Restauranten d'Fermeture ëm
scho bis elo war, 70 oder 90% vun de Käschte vum Staat iwwerholl. Fir dës Aide ze kréien, muss een och weiderhin nach eng Perte vu mindestens 40% vum "Chiffre d'affaires" vun 2019 kënne virweisen Dës Aide wäert vu Mäerz un, sech och nëmmen nach un d’Hebergementsbetriber riichten, well dëse Secteur och nach mëttelfristeg den Impakt vun der Kris wäert spieren. Am Businesstourismus wäert d’Reprise, sou wéi et och schonn ugeschwat ginn ass, natierlech vill méi lues gräifen, wéi och alleguerten déi international Etüden dat weisen. Fir d’Hotellerie an déi aner bis ewell eligibel Secteuren, d.h. d'Restauranten, d'Caféen, den Evenementiel, d'Kultur, den Divertissementssecteur an d’Vente vun neien Autoen wäert d’"Aide de relance", weiderlafen. Dëst och bis Enn Juni. Hei muss eng Perte vu mindestens 25% Perte vum "Chiffre d’affaires" virgewise ginn.
Mir wäerten hei e "Phasing out" virgesinn, fir de Betriber natierlech en doucen Iwwergang an d‘Normalitéit ouni Aiden ab 1. Juli da kënnen z‘erméiglechen. Vu Mäerz bis Abrëll ass eng Direkthëllef vun 1.000 Euro pro Salarié, dee schafft, virgesinn. Am Mee an am Juni läit dëse Montant bei 500 Euro. D’Salariéen am Chômage partiel, wou d'Entreprise haut nach eng Aide vun 250 Euro pro Salarié am Chômage partiel ass, wäert net méi consideréiert ginn. Dat heescht, dass also wann en Salarié an der Entreprise am Chômage partiel ass, wäerten se net méi kënnen iwwert de "Fonds de relance" eng Aide vun 250 Euro kënne kréien. Dëst bis Juni inclus. Ech well awer zum Schluss nach betounen, dass dëst en Zenario vun Aiden, vu Chômage partiel ass, sou wéi d'Regierung dat och an
Dir hutt grad gesot, datt mer aus sanitärer Siicht aus, dem Wee aus der Kris eraus sinn. Awéifern ass dat da kompatibel mat de Gespréicher iwwert eng Impfflicht? Ech hu gesot, dass mir natierlech hei eis Aiden, souwuel d'Aide-Regimmer, wéi awer och de Chômage partiel ëmmer erëm un déi sanitär Situatioun upassen. Dat heescht an et huet een et och iwwert déi lescht Méint gesinn, ech hat virdru gesot, 11 verschidden Aide-Regimmer, déi ëmmer erëm ugepasst ginn ass. D'leschte Kéier nach am Mount Dezember, wou ee gesinn huet, dass nei Fermeturë komm sinn. Sief dat um 11 Auer owes d'Spärrstonn, wéi awer och Rassemblementsreegelen, déi changéiert hunn an datt et grad dowéinst wichteg ass, dass mer ëmmer erëm upassen. Dofir hei, wa mer an där Situatioun sinn, d'COVID-Gesetz leeft den Ament nach bis den 28. Februar. Dann sinn hei d'Aiden, déi ab Mäerz, souwuel de Chômage partiel, wéi d'Aiden, déi ab Mäerz wäerte gräifen, ëmmer erëm ënnert der Konditioun, dass natierlech näischt un der sanitärer oder dass mer dann an engem Kader
Merci villmools. Ech menge fir direkt déi 2. Fro virzegräifen, mir schwätzen hei, alles wat presentéiert ginn ass, si COVID-Aiden. Dat heescht, sou wuel de Chômage partiel, wéi Aiden déi ausbezuelt ginn, sinn Aiden, déi ausbezuelt ginn, well mer Restriktiounen hunn, déi enger sanitärer Kris verschëllt sinn an dofir dat natierlech och just eng Äntwert sinn op Probleemer am Secteur wéinst enger sanitärer Kris. Op der anerer Säit, déi Zuelen déi presentéiert gi si vum Här Engel, just fir Är Fro nach eng Kéier ... Pardon. Jo. Merci Villmools. Mir gesinn eben grad dass d'Demanden, déi mir erakréien, do maache mir e Screening natierlech vun all den Demanden, souwuel an den "Aides coûts non couverts" wéi an den "Fonds de relance", déi mer um Ministère erakréien, an deene leschte Méint ganz staark erof gaange sinn. Mir schwätzen hei vun 75 bis 80% manner Demanden, déi mer